Jean-Pierre Kommes

Jean-Pierre Kommes
Gebuer 23. November 1898
Helsem
Gestuerwen 30. Juli 1973
Rammeldang
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lokalpolitiker
Stroosseschëld zu Hueschtert

De Jean-Pierre Kommes, gebuer den 23. November 1898 zu Helsem a gestuerwen den 30. Juli 1973 zu Rammeldang[1],[2], war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker.

Liewen a Karriär

Den Jean-Pierre Kommes huet vun 1914 bis den 1. Mee 1962 zu Dummeldeng op der Arbed geschafft. Niewelaanscht hat hien nach e landwirtschaftleche Betrib.

1951 gouf hien eng éischt Kéier an de Gemengerot vun Nidderaanwe gewielt a gouf duer bis zu sengem Doud ëmmer nees erëmgewielt. Vum 1. Januar 1958 bis den 31. Dezember 1963 war hien do Schäffen.[1],[2]

Hie war zanter 1924 mat der Sisy Graf bestuet.

Fir un de Jean-Pierre Kommes z'erënneren, gouf zu Hueschtert eng Strooss no him genannt.[3]

Referenzen

  1. 1,0 1,1 Datumen um Stroosseschëld.
  2. 2,0 2,1 "Jean-Pierre Kommes, Rammeldingen †." In: Luxemburger Wort, 126. Jg., n° 215 (19.09.1973), p. 6 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  3. L-6988.