De Jean-Félix Adolphe Gambart, gebuer den 12. Mee 1800 zu Sète, a gestuerwen den 23. Juli 1836 zu Paräis, war e franséischen Astronom.
De Gambart gouf als Jong vun engem Kapitän gebuer. Schonn a jonke Jore gouf seng Intelligenz vum Alexis Bouvard erkannt, deen hien iwwerzeegt hat, sech mat der Astronomie ofzeginn. 1819 goung hien op den Observatoire vu Marseille a gouf am Joer 1822 Direkter vum Observatoire.
Wärend senger Lafbunn hat hie vill Observatioune vun de Jupitermounde gemaach an hat am Ganzen 13 Koméiten entdeckt. Am Joer 1832 hat hien den Duerchgank vum Merkur virun der Sonn observéiert an hat bemierkt, datt de Planéit deforméiert virkoum, wéi hien de Sonnerand erreecht hat.
Den Gambart huet ënner Tuberkulos gelidden an ass 1836 u Cholera gestuerwen.
Éierungen
De Krater Gambart um Äerdmound gouf no him genannt. Ausserdeem krut hien eng Medail vun der Royal Astronomical Society fir seng Berechnung vun enger Koméitenëmlafbunn.
Um Spaweck
Kuckt och
Portal Astronomie