Den James Madison, gebuer de 16. Mäerz 1751 zu Port Conway, Virginia, a gestuerwen den 28. Juni 1836 zu Montpellier, Virginia, war vun 1809 bis 1817 de 4. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika.
Den James Madison war vun 1801 bis 1809 Ausseminister ënner dem President Thomas Jefferson a gouf duerno deem säin Nofollger.
Vun 1812 bis 1814 huet hien e Krich géint England gefouert mat dem Zil Kanada an d'Vereenegt Staate vun Amerika z'integréieren, wat him awer net gelongen ass. Am Géigendeel, et koum sou wäit datt brittesch-kanadesch Truppe bis op Washington virgedronge sinn an den Jefferson huet missen nokucke wéi se d'Wäisst Haus ofgefakelt hunn. Et war dat déi éischt Invasioun vu feindlechen Truppen op U.S.-amerikaneschem Festland.
Um Spaweck
Ausseministere vun de Vereenegte Staaten |
---|
|