De Jacques Marbeuf, gebuer den 29. Januar 1926 als Jacques Gauthier, a gestuerwen de 14. Juli 1993, war e franséische Filmschauspiller[1], deen niewent de "gängege" Filmer och nach a Pornofilmer geschafft huet[2].
De Marbeuf huet seng Carrière 1946 ugefaangen. Seng éischt Rolle waren offensichtlech a "Mainstream"-Filmer, a ware gewéinlech kleng[1]. Besonnesch bekannt war hie mat der Nieweroll am Film L'amour n'est pas un pêché (1952)[3], an hie war souguer de Liddermécher vum Lidd Noémie aus dem Soundtrack fir dëse Film[4].
Zanter den 1970er Jore gouf de Jacques Marbeuf als Schauspiller vun der ugefaangener legaler Pornoindustrie a Frankräich bekannt[5],[6]. Hie war a méi wéi 40 Pornoen opgetrueden. Seng Aliassen als Pornoacteur waren ënner anerem Jacques Legrand, Victor Vallet, Jaques Mabeuf[2]. Seng spéider Rollen an "traditionelle" Spillfilmer ware rar[1].
Hie war och de Grënner vun engem feelgeschloene B-Movie-Studio[7].
Filmographie (Auswiel, ouni X-Filmer)
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 1,2 Fiche op IMDb (en)
- ↑ 2,0 2,1 Fiche op IAFD (en)
- ↑ http://gaumont.ru/defunes/films/50/l_amour_n_est_pas_un_peche.htm
- ↑ Bertrand Dicale. Louis de Funès, grimaces et gloire - S. 177 - Éditions Grasset, 2009 - ISBN 9782246636618
- ↑ Jean Rollin, Marguerite Duras. Moteur coupez!: mémoires d'un cinéaste singulier - S. 191 - Édite, 2008 - ISBN 9782846082532
- ↑ Nicole Brenez, Isabelle Marinone. Cinémas libertaires: Au service des forces de transgression et de révolte - S. 223 - Presses Univ. Septentrion, 2015 - ISBN 978-2-7574-1173-5
- ↑ Jean Rollin, Marguerite Duras. Moteur coupez!: mémoires d'un cinéaste singulier - S. 213 - Édite, 2008 - ISBN 9782846082532