D'Jacqueline Sassard, gebuer den 13. Mäerz 1940 zu Nice, a gestuerwen de 17. Juli 2021 zu Lugano, war eng franséisch Schauspillerin.
Bedeitend Filmer an deenen d'Jacqueline Sassard matgespillt huet, sinn am Joer 1957 Guendalina vum Alberto Lattuada mam Raf Vallone a Sylva Koscina, dann 1959: Estate violenta vum Valerio Zurlini mam Eleonora Rossi Drago, 1967 Accident vum Joseph Losey mam Dirk Bogarde an nach 1968 Les biches vum Claude Chabrol mam Jean-Louis Trintignant a Stéphane Audran.
Filmographie
- 1956: Je plaide non coupable, vum Edmond T. Gréville mam Barbara Laage an John Justin
- 1957: Guendalina, vum Alberto Lattuada mam Raf Vallone a Sylva Koscina
- 1958: Nata di marzo, vum Antonio Pietrangeli mam Gabriele Ferzetti
- 1959: Il magistrato, vum Luigi Zampa mam François Périer a Massimo Serato
- 1959: Faibles femmes, vum Michel Boisrond mam Alain Delon, Mylène Demongeot a Pascale Petit
- 1959: Tutti innamorati, vum Giuseppe Orlandini a Franco Rossi mam Marcello Mastroianni a Gabriele Ferzetti
- 1959: Estate violenta, vum Valerio Zurlini mam Eleonora Rossi Drago an Jean-Louis Trintignant
- 1959: Ferdinando I. re di Napoli, vum Gianni Franciolini mam Peppino De Filippo an Eduardo De Filippo
- 1961: Mariti a congresso, vum Luigi Filippo D'Amico mam Walter Chiari a Marisa Merlini
- 1961: I soliti rapinatori a Milano, vum Giulio Petroni mam Peter Baldwin an Dominique Boschero
- 1961: Arrivano i titani, vum Duccio Tessari mam Giuliano Gemma an Antonella Lualdi
- 1962: Freddy und das Lied der Südsee, vum Werner Jacobs mam Freddy Quinn a Ralf Wolter
- 1963: Sandokan, la tigre di Mompracem, vum Umberto Lenzi mam Steve Reeves a Geneviève Grad
- 1964: Le voci bianche, vum Pasquale Festa Campanile mam Sandra Milo, Anouk Aimée a Barbara Steele
- 1964: I pirati della Malesia, vum Umberto Lenzi mam Steve Reeves
- 1965: Le stagioni del nostro amore, vum Florestano Vancini mam Enrico Maria Salerno an Anouk Aimée
- 1967: Accident, vum Joseph Losey mam Dirk Bogarde, Stanley Baker a Michael York
- 1968: Les biches, vum Claude Chabrol mam Jean-Louis Trintignant a Stéphane Audran
Um Spaweck