|
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
J. Peters ass dee bekanntste Spëtznumm vum Sándor "Alexander" Goldberger, engem ungaresch-US-amerikanesche kommunistesche Journalist, Marxismus-Aktivist a Spioun. Hien ass den 11. August 1894 zu Csap an Éisträich-Ungarn (haut Tschop an der Ukrain) gebuer, an ass am Joer 1990 zu Budapest an Ungarn gestuerwen.
Hie war Member vun der Communist Party USA, a war ganz aktiv an der ungaresch-sproocheger Sektioun vun där Partei. Zanter dem Ufank vun den 1930er Joren huet de Goldberger fir d'Interessie vun der Sowjetunioun an den USA spionéiert; am Joer 1947 gouf hien demaskéiert a verhaft. Et huet sech erausgestallt, datt de Sándor Goldberger en ettlech aner Pseudonymme benotzt huet. 1949 ass hien an Ungarn zeréckgaangen.