D'International Mathematik-Olympiad (ofgekierzt IMO) ass déi prestigiéist Kompetitioun an der Mathematik, déi et fir Jugendlecher gëtt. Si ass all Joer, an all Kéier an engem anere Land. Matmaache kënne Schüler ënner 20 Joer, déi nach net op enger Universitéit ageschriwwe sinn.
Geschicht
D'International Mathematik-Olympiad gëtt zanter 1959 all Joer ofgehalen. An den éischte Jore war si begrenzt op déi fréier Ostblockstaaten aus Europa, mä zanter den 1970er Jore maachen ëmmer méi Länner weltwäit mat. An der Tëschenzäit sinn et iwwer 100 Länner, déi all Joer eng Ekipp bereet stellen.
All Land kann eng Ekipp vu maximal sechs Schüler presentéieren. Déi Ekipp gëtt encadréiert vun engem Delegatiounschef, international Leader genannt, a sengem Adjoint, dem Deputy Leader. Lëtzebuerger Leadere ware bis haut d'Professere Lucien Kieffer (vun 1980 bis 1991), Charles Leytem (vun 1992 bis 2019, ausser 2011), Bernard Felten (2011) a Pascal Zeihen (zanter 2020).
Lëtzebuerg hëlt reegelméisseg deel un der Internationaler Mathematik-Olympiad zanter 1980. Grad dat Joer sollt d'Kompetitioun an der Mongolei sinn, mä wéinst engem lokale Biergerkrich gouf se kuerzfristeg ofgesot an duerch zwou interregional Kompetitiounen ersat. Dovu war eng zu Miersch am spéidere Lycée classique de Diekirch (haut steet op där Plaz d'École internationale Mersch Anne Beffort). Zanterhier war keng international Mathematikskompetitioun méi zu Lëtzebuerg, haaptsächlech aus Käschtegrënn.
Well de verlaangten Niveau extreem héich ass, huet Lëtzebuerg an de vergaangene Jore reegelméisseg drop verzicht, mat enger kompletter Ekipp vu 6 Schüler unzetrieden. Meeschtens hunn d'Ekippen aus just 2-3 Schüler bestanen. Op der 50. IMO am Joer 2009 war d'Lëtzebuerger Ekipp fir d'éischt komplett. Och zu Amsterdam (2011), zu Rio de Janeiro (2017) an zu Bath (2019 an 2024) ass Lëtzebuerg mat enger Ekipp vu 6 Schüler op der IMO ugetrueden.
Déi nächst Olympiad gëtt am Juli 2025 an Australien ofgehalen.
Oflaf
D'International Mathematik-Olympiad dauert normalerweis 9 Deeg. Fir d'éischt mussen d'Jurys-Memberen, d. h. d'Leadere vun alle vertruedene Länner, d'Problemer zesummestellen. Déi eigentlech Kompetitioun dauert dann 2 Deeg: dobäi mussen d'Kandidate 6 extreem schwéier Problemer an der Zäit vun am Ganzen 9 Stonnen (zweemol 4,5 Stonnen) léisen. Déi Deeg duerno ginn de Schüler hir Aarbechte vun de Professere verbessert a bewäert. Fir all Léisung kann ee maximal 7 Punkte kréien. Sou huet all Schüler um Enn en Total tëscht 0 an 42 Punkten, an all Land e groussen Total tëscht 0 an 252 Punkten.
Déi bescht Schüler kréien als Belounung eng Gold-, Sëlwer- oder Bronze-Medail. Sou eng Medail gëllt allgemeng ass déi héchst Auszeechnung, déi ee jonke Mathematiker kann ustriewen, ier en op eng Universitéit geet.
Resultater
Hei si sämtlech Lëtzebuerger, déi bis haut eng Medail kritt hunn.
Um Spaweck