Topographesch-bathymetresch Kaart
Den Indeschen Ozean (kuerz: Indik , op indoneesesche Kaarten och Indoneeseschen Ozean genannt) ass mat 74,9 Millioune km² (zirka 14,7 % vun der Uewerfläch vun der Äerd ) den drëttgréissten Ozean op der Äerd. Seng déifst Plaz ass 8047 Meter ënner dem Niveau vum Mier.
E grenzt un d'Antarktis , den afrikaneschen , asiateschen an den australesche Kontinent a faasst e Volume vun zirka 291,9 Mio km³.
Niewemierer
Zu den Niewemierer gehéiereren d'Andamanemier , d'Arabescht Mier , de Golf vu Bengalen , d'Grouss Australesch Bucht , de Golf vun Aden , de Golf vum Oman , de Kanal vu Mosambik , de Persesche Golf , d'Rout Mier an d'Strooss vu Malakka .
Inselen
Kaart vum Indeschen Ozean
Am Indeschen Ozean leien d'Inselstaaten Indonesien , Madagaskar a Sri Lanka . Eegestänneg Inselgruppe sinn d'Komoren (mam franséischen Departement vun déi Säit dem Mier Mayotte ), d'Seychellen , Sansibar (mat der Insel Pemba ) an d'Maldiven . D'Inselgrupp vun de Maskarenen setzt sech zesummen aus Mauritius mat der Insel Rodrigues an dem franséischen Iwwerséidepartement La Réunion .
D'Inselgrupp Sokotra gehéiert zu derr Republik Jemen . Den indeschen Uniounsterritoire Andamanen an Nikobaren besteet aus den Inselgruppen Andamanen an Nikobaren . D'Inselgruppe Lakkadiven an Amindiven an och d'Insel Minicoy bilden zesummen den indeschen Uniounsterritoire Lakshadweep .
De Chagos-Archipel mat der Haaptinsel Diego Garcia ass de leschte Britteschen Territoire am Indeschen Ozean . D'Insel Phuket gehéiert zu Thailand .
Zu Australie gehéieren d'Chrëschtdagsinsel , d'Kokosinselen , d'Heard- a McDonald-Inselen , d'Ashmore- a Cartier-Inselen .
Zum Indeschen Ozean gehéiere weiderhin d'Franséisch Süd- an Antarktisterritoiren Kerguelen .
Hafestied um Indeschen Ozean
Um Spaweck
Literatur
Peter Lehr: Region Indischer Ozean - Illusion oder Realität? Heidelberg, 2004
Stephan Conermann (Hg.): Der Indische Ozean in historischer Perspektive , EB-Verlag, Hamburg 1998 (= Asien und Afrika 1), ISBN 3-930826-44-5