De Séi huet eng Fläch vun 11,4 km², en ass ronn 10 km laang, op der breetster Plaz huet en 2,1 km an déi déifst Plaz huet 122 Meter. E läit op enger Héicht vun 368 Meter. De Séi, deen aus der Äiszäit staamt, gëtt vun de Flëss Chiese a Caffaro gefiddert. Et ass de Chiese, deen den Numm um Auslaf behält.
De Séi gëtt vu Fëscher exploitéiert an et ass d'Waasserreserve fir d'Bewässerunge vun der Géigend ëm Brescia a Mantua. Am Summer bréngt de Séi et, grad wéi de Gardaséi, op Temperature bis zu 25 °C.