D'Ida Corr huet 2004 d'Lidd U Make Me Wanna erausbruecht, mat deem s'an Dänemark erfollegräich war. 2007 huet si, zesumme mam hollännesche DJ Fedde Le Grand, eng Single mam Titel Let Me Think About It opgeholl woumat déi zwee déi éischt Plaz an den US Billboard Hot Dance Play an UK Dance Charts erreecht hunn, an och an deenen aneren europäesche Länner an d'Top 20 geklomme sinn.