Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Hildegard vu Bingen
D'Hildegard vu Bingen empfänkt eng göttlech Inspiratioun a gëtt se un hire Schreiwer virun
D'Hildegard vu Bingen, gebuer de 16. September1098 zu Bermersheim, a gestuerwen de 17. September1179 am Klouschter Rupertsberg bei Bingen, ass eng vun de bekanntste Fraen aus dem Mëttelalter. Si huet mystesch Lidder geschriwwen, mä och naturwëssenschaftlech a medezinesch Schrëften.
Schonn zu Liefzäiten ass d'Hildegard wéi eng Helleg veréiert ginn. 1228 ass eng éischt Ufro fir d'Kanonisatioun gemaach ginn. D'Verfaren huet awer sou laang gedauert, datt souguer de leschte Versuch fir d'Hellegspriechung ënner dem PoopstInnozenz IV. am Joer 1244 zu kengem Resultat gefouert huet. Enn 16. Joerhonnert ass d'Hildegard dunn an de Martyrologium, d'Verzeechnes vun den Hellege vun der Kierch, opgeholl ginn ouni kanoniséiert ze sinn.