Hercules (Stärebild)
Den Hercules ass e Stärebild um Nordhimmel.
Beschreiwung
Den Hercules ass dat fënneftgréisst Stärebild um Himmel. Well nëmmen dräi vu senge Stäre méi hell wéi déi 3. Gréissteklass sinn, ass et allerdéngs net weider opfälleg. Et fënnt een et tëscht de Stärebiller vun der Lyra mat dem helle Stär Vega an dem markante Stärebild Corona Borealis. Déi bescht Observatiounsszäit ass de Fréisummer, well en dann am héchsten um Himmel steet.
Am Herkules stinn zwéin interessant Kugelstärekéip, déi ee scho mat enger klenger Spektiv ka gesinn.
A Richtung Hercules ass de Apex vun eisem Sonnesystem. D'Sonn mat hire Planéite beweegt sech, relativ zu hiren Nopeschstären, mat 20 km/s op dëse „Punkt“ zou.
Geschicht
D'Konstellatioun gehéiert zu de klasseschen 48 Stärebiller aus der Antiquitéit, déi dem Ptolemäus scho bekannt waren. Bei den anticke Griichen huet et „Engonasin“ („Deen dee knéit“) geheescht. Spéider gouf d'Stärebild mat verschiddene mythesche Gestalten a Verbindung bruecht, wéi z. B.: Prometheus, Theseus, Orpheus oder Herakles (deen d'Réimer Hercules genannt hunn). Erhalen huet sech d'Deitung als Hercules.
Himmelsobjeten
Stären
B
|
F
|
Nimm o. aner Bezeechnungen
|
Gréisst
|
Lj
|
Spektralklass
|
β
|
27
|
Kornephoros, Ruticulus
|
2,78m
|
148
|
G8 III
|
ζ
|
40
|
|
2,81m
|
32
|
G0 IV
|
α
|
64
|
Ras Algethi
|
3,1 bis 3,7m
|
550
|
M5 Ib
|
δ
|
65
|
Sarin
|
3,12m
|
96
|
A3 IV
|
π
|
67
|
|
3,16m
|
400
|
K2 III
|
μ
|
86
|
|
3,42m
|
27
|
G5 IV
|
η
|
44
|
|
3,48m
|
80
|
G8 III
|
ξ
|
92
|
|
3,70m
|
150
|
G9 III
|
γ
|
20
|
|
3,74m
|
150
|
A9 III
|
ι
|
85
|
|
3,82m
|
500
|
B3 IV
|
ο
|
103
|
|
3,84m
|
150
|
B9 V
|
θ
|
91
|
|
3,86m
|
|
|
τ
|
22
|
|
3,91m
|
400
|
B5 IV
|
ρ
|
75
|
|
4,1m
|
300
|
A0 + A0
|
|
110
|
|
4,19m
|
|
|
σ
|
35
|
|
4,20m
|
200
|
B9 V
|
φ
|
11
|
|
4,23m
|
|
|
|
95
|
|
4,3m
|
300
|
A5 + G8
|
g
|
30
|
|
4,3 bis 6,3m
|
400
|
Mb III
|
|
111
|
|
4,34m
|
|
|
|
102
|
|
4,37m
|
|
|
λ
|
76
|
Maasym, Misam
|
4,41m
|
367
|
K3 III
|
ν
|
35
|
|
4,41m
|
|
|
ε
|
58
|
Cujam
|
4,57m
|
|
|
ω
|
24
|
Kajam, Cujam
|
4,57m
|
235
|
B9
|
|
113
|
|
4,57m
|
|
|
χ
|
1
|
|
4,60m
|
|
|
e
|
69
|
|
4,64m
|
|
|
|
93
|
|
4,67m
|
|
|
κ
|
7
|
Marfik, Mirfak
|
4,7m
|
500
|
G8 + K1
|
u
|
68
|
|
4,7 bis 5,4m
|
1200
|
B3 III
|
υ
|
6
|
|
4,72m
|
|
|
|
52
|
|
4,82m
|
|
|
h
|
29
|
|
4,84m
|
|
|
|
42
|
|
4,86m
|
|
|
|
60
|
|
4,89m
|
|
|
|
106
|
|
4,92m
|
|
|
A
|
104
|
|
4,96m
|
|
|
|
98
|
|
4,96m
|
|
|
|
51
|
|
5,03m
|
|
|
b
|
99
|
|
5,05m
|
|
|
|
87
|
|
5,09m
|
|
|
|
100
|
|
5,1m
|
250
|
A3 + A3
|
|
101
|
|
5,10m
|
|
|
t
|
107
|
|
5,12m
|
|
|
|
70
|
|
5,13m
|
|
|
i
|
43
|
|
5,15m
|
|
|
f
|
90
|
|
5,17m
|
|
|
l
|
45
|
|
5,22m
|
|
|
s
|
|
|
5,24m
|
|
|
|
96
|
|
5,25m
|
|
|
d
|
59
|
|
5,27m
|
|
|
|
105
|
|
5,30m
|
|
|
|
53
|
|
5,34m
|
|
|
y
|
82
|
|
5,35m
|
|
|
|
2
|
|
5,35m
|
|
|
|
54
|
|
5,35m
|
|
|
w
|
72
|
|
5,38m
|
|
|
c
|
|
|
5,41m
|
|
|
|
112
|
|
5,43m
|
|
|
|
9
|
|
5,46m
|
|
|
|
89
|
|
5,47m
|
|
|
Den β Herculi, ass den hellste Stär am Stärebild Hercules, et ass e giele Stär mat der Spektralklass G8 an ass 148 Liichtjoer vun eis ewech.
Den algriicheschen Numm Kornephoros bedeit „Keulendréier“. De Stär gëtt och Ruticulus genannt.
Den μ Herculi ass 27 Liichtjoer vun eis ewech. Hien huet déi 1,1fach Mass vun eiser Sonn a liicht och giel.
System
|
Gréissten
|
Ofstand
|
α
|
3,4m/5,4m
|
4,6"
|
κ
|
5,0m/6,3m
|
27,5"
|
95
|
5,0m/5,2m
|
6,3"
|
100
|
5,9m/5,9m
|
14,2"
|
ρ
|
4,5m/5,5m
|
4,2"
|
Den α Herculi, den drëtthellste Stär am Hercules, ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vu 430 Liichtjoer. Den Haaptstär ass e Roude Ris mat der Spektralklass M5, an engem 500fachen Duerchmiesser a 830facher Liichtkraaft vun eiser Sonn. Seng Uewerflächentemperatur ass mat ronn 3.000 Kelvin relativ niddreg. E Groussdeel vu senger Stralung gëtt hien an Infrarout of. De Begleetstär gehéiert zu der Klass G5. D'System ka scho mat engem klengen Teleskop an Eenzelstäre getrennt ginn. Den Haaptstär liicht orangerout, de Begleetstär liicht gréng!.
Den Numm Ras Algethi ass arabesch a bedeit sou vill wéi „de Kapp vun deem, dee knéit“.
Den Haaptstär vum System Ras Algethi ass en hallefreegelméisseg verännerleche Stär deem seng Hellegkeet iwwer Zäitraim vun 90 bis 100 Deeg variéiert.
Den 68 (u) Herculis ass e verännerleche Stär vum Typ Beta-Lyrae-Stär. Et ass e liichtkräftege Stär op enger Distanz vun 1200 Liichtjoer.
De M 13 gëllt als de beandrockendste Kugelstärekoup vum Nordhimmel. Hie steet op enger Distanz vu 25.000 Liichtjoer vun eiser Sonn a besteet aus zirka 300.000 Stären.
Den M 92 ass e Kugelstärekoup op enger Distanz vun 30.000 Liichtjoer.
Den NGC 6210 ass e planetareschen Niwwel op enger Distanz vun 3.000 Liichtjoer. Mat engem Duerchmiesser vun 0,3 Bouminutten ass et kee groussen Niwwel.
Den HD 149026 am Hercules ass e giele Stär, ëm deen all 2,87 Deeg an engem Ofstand vun 0,046 AE e saturngrousse Planemo kreest a vun eis aus gesinn en Transit mécht. Hien huet 36 % vun der Jupitermass (Typ: "Hot Jupiter", 72 % vun deem sengem Duerchmiesser). Iwwer 50 % vu senger Mass (ronn 70 Äerdmassen) entfalen dobäi interessanterweis op e feste Kär. Sou eppes kennt een nach net vun engem anere Gasris. Den Zentral-Objet (Stär-Spektralklass: G0; spektroskopesch Gréissteklass: 8,15 m) huet 1,3 Sonnemassen a läit 250 Liichtjoer vun eisem Sonnesystem ewech
Den HD 149026b ass dee bis elo wäermste bekannte Planéit am Universum.
Kuckt och
Portal Astronomie
Um Spaweck
|
|