Herbert Lom

Herbert Lom
Gebuertsnumm Herbert Karel Angelo Kuchacevič ze Schluderpacheru
Gebuer 11. September 1917
Prag
Gestuerwen 27. September 2012
London
Nationalitéit Tschechesch Republik
Aktivitéit Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Romancier, Schrëftsteller, Schauspiller

Den Herbert Lom, gebuer als Herbert Karel Angelo Kuchacevič ze Schluderpacheru den 11. September 1917 zu Prag (deemools Éisträich-Ungarn), a gestuerwen de 27. September 2012 zu London[1], war e brittesche Schauspiller an Auteur mat tschechoslowakeschen Originnen.

Liewen

Hien huet seng Filmcarrière 1937 an der Tschechoslowakei ugefaangen, an ass am Januar 1939 a Groussbritannien emigréiert, wou en 1942 am Film The Young Mr. Pitt den Napoleon Bonaparte gespillt huet. 1956 sollt hien am Film War and Peace nach eng Kéier den Napoleon verkierperen. 1946 war de Lom den Haaptacteur am Film Dual Alibi, wou en an enger Duebelroll eng Zwillingskoppel gespillt huet.

1953 hat en d'Haaptroll an der Londoner Originalproduktioun vum Musical The King and I, déi 926 Séancen hat.[2] 1955 huet hien nieft dem Alec Guinness an dem Peter Sellers am Film Ladykillers matgespillt. Aner bekannt Filmer, an deenen en ze gesi war, si Spartacus, The Mystery Island, El Cid, an Der Schatz im Silbersee.

Seng bekanntst Roll däerft awer déi vum Chefinspekter Dreyfus sinn, dem neurotesche Patron vum Inspekter Jacques Clouseau, dee vum Peter Sellers gespillt gouf, an der Pink Panther-Filmserie vum Blake Edwards.

Den Herbert Lom huet och zwéi Romaner geschriwwen, een iwwer de Schrëftsteller Christopher Marlowe, Enter a Spy: The Double Life of Christopher Marlowe (1971), an een iwwer den Erfinder vun der Guillotine (Dr. Guillotin: The Eccentric Exploits of an Early Scientist) (1992).

Filmer (Kino)

vun 1937 bis 1949

vun 1950 bis 1959

vun 1960 bis 1969

vun 1970 bis 1979

vun 1980 bis 1989

vun 1990 bis 1993

Bibliographie

  • Enter a Spy: The Double Life of Christopher Marlowe. Rowman & Littlefield, ISBN 0-8476-6258-6.
  • Dr. Guillotin: The Eccentric Exploits of an Early Scientist. Trafalgar Square Publishing, ISBN 1-85619-111-7.

Referenzen

  1. "Herbert Lom, Pink Panther star, dies aged 95" bbc.co.uk, gelies 27.09.2012
  2. Stanley Green, Encyclopedia of the Musical Theatre, (New York, 1976: Dodd, Mead & Company, rpt. Cambridge, Mass.: Da Capo Press, 1980), S. 233.

Um Spaweck

Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.