Henri Muller
Den Henri Muller, gebuer den 10. Dezember 1912 zu Ierpeldeng bei Ettelbréck, a gestuerwen den 3. September 2011 zu Bartreng[1], war Schoulmeeschter, duerno, vun 1966 bis 1977, Professer am Collège d'enseignement moyen de Luxembourg, wou hie Franséisch an Englesch enseignéiert huet.
Hie war ee vun de Grënner vun den Amis de la Grèce. Hien huet verschidde Bicher aus dem Griicheschen op Lëtzebuergesch iwwersat.
Iwwersetzungen
- 1999 Nikos Kazantzakis: Dem Alexis Zorbas säi Liewen a seng Uluechten, Op der Lay, 1999.[2]
- 1995 Dem Homer seng Odyssee op lëtzebuergesch Gesank I-III, 2003-2005.
- 2008 Dem Homer seng Odyssee op lëtzebuergesch komplett.
- 2011 Nikos Kazantzakis: Om Wollefsbuer. Imprimerie Centrale, Luxembourg.
Präisser
Am Februar 2004 huet de Prefektoralrot vun Athen decidéiert, dem Henri Muller den Titel Ambassadeur vum Hellenismus z'iwwerdroen, fir säin Asaz dofir, Griicheland a seng Kultur ze verbreeden. 2001 war den Henri Muller zum Éierebierger vun Iráklio (Heraklion), dem Nikos Kazantzakis senger Gebuertsstad op Kreta, ernannt ginn.[3]
Dem Henri Muller a senger Fra zu Éiere gëtt et zanter 2007 de Prix Henri et Madeleine Muller.
Literatur
- Decker, M., 2011. Hommage à Henri Muller (1912-2011). In: Kulturissimo, N° 102, 10 novembre 2011, S. 29.
- fb, 2011. Botschafter des Hellenismus - Henri Müller (98) ist tot. Tageblatt 2011, Nr. 223 (24. September), S. 20.
- Muller, Roger, 2007. Muller, Henri. S. 439-440 in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1. Online-Versioun. Stand: 31. Oktober 2011. http://www.autorenlexikon.lu/page/author/442/2442/DEU/index.html [opgeruff de 4. Januar 2012].
- Muller, Roger, 2010. Muller, Henri. S. 445-446 in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, en collaboration avec Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit et Frank Wilhelm, 2010. Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. 697 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-20-7. Online-Versioun. Stand: 31. Oktober 2011. http://www.autorenlexikon.lu/page/author/442/2442/FRE/index.html [opgeruff de 4. Januar 2012].
- Lamborelle, M., 2011. Un dernier adieu à Henri Muller. Luxemburger Wort 2011, Nr. 254 (31. Oktober), S. 50.
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Avis mortuaires. Luxemburger Wort 2011, Nr. 222 (23. September), S. 82.
- ↑ Op der Lay
- ↑ Le professeur Henri Muller nommé « Ambassadeur de l'Hellénisme ». Communiqué du ministère des Affaires étrangères, ambassade du Luxembourg à Athènes, 19-02-2004. [1]
|
|