Den Henri (Jean) Kraus, gebuer den 9. Februar 1943 zu Hollerech, a gestuerwen den 9. Februar 2024[1][2][3], war e lëtzebuergesche Moler, Zeechner a Konschterzéier.
No sengem Secondaire am Stater Kolléisch huet hien zu Nanzeg op der École nationale des beaux-arts et des arts appliqués Konscht studéiert.
Fir déi monumental bronze Skulptur vun der Nina Grach-Jascinsky virum Kolléisch, déi Datzemisch vun der Schoulkommunautéit genannt gëtt, stoung den Henri Kraus Modell.
1975 huet hien de Prix Grand-Duc Adolphe kritt an 1977 de Premier prix de la peinture op der Biennale des Jeunes zu Esch-Uelzecht.
Hie war Member vum Cercle artistique de Luxembourg[4].
Um Spaweck
Kuckt och
Referenzen
- ↑ Den Henri Kraus ass dout, Tageblatt 19.02.2024, S. 11.
- ↑ Marc Thill, Nora Schloesser, Luxemburger Kunstszene in Trauer, „Den Datzemischi ass doud“: Der Künstler Henri Kraus war sein Modell. wort.lu (19.2.2024). Gekuckt de(n) 19.2.2024.
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort, 21.2.2024
- ↑ Lëscht vun de membres titulaires vum CAL Archivéiert de(n) 22.07.2011. Gekuckt de(n) 13.10.2010.