|
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
Den Heinrich Aigner, gebuer de 25. Mee 1924 zu Ebrach an Uewerfranken, a gestuerwen de 24. Mäerz 1988 zu Amberg, war en däitsche Politiker (CSU).
Seng Karriär
- Zaldot am Zweete Weltkrich. Säi leschten Déngschtgrad war Leitnant.
- Nom Krich huet hien zu Erlangen Droit studéiert.
- 1954: Promotioun zum Dr. jur. op der Universitéit Erlangen, mat der Diplomaarbecht: Untersuchungen über das Delikt der Abtreibung an Hand der gerichtlichen Akten des Landgerichtsbezirkes Amberg der Jahre 1925-1950.
- 1954: Hie gëtt Regierungsrot am Ëffentlechen Déngscht.
- 1957-1980: Deputéierten am däitsche Bundestag.
- 1961-1988: (bis zu sengem Doud) Member vum europäesche Parlament. Do war hie vun 1979 u President vun der Budgetskontrollkommissioun.
- Den Heinrich Aigner war e Frënd vu Lëtzebuerg an huet sech och villfach aktiv fir lëtzebuergesch Interessien agesat.
Éierungen
Fir un den Heinrich Aigner z'erënneren, huet de Stater Schäfferot den 23. Juni 2012 decidéiert, eng Strooss am Quartier Kierchbierg no him ze nennen: d'Rue Heinrich Aigner[1].
Um Spaweck
Referenzen an Notten
- ↑ (fr)Archives Ville de Luxembourg. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt de(n) 29.09.2024.