Bekannt Vertrieder vun den Orthoptere sinn déi eigentlech Heesprénger, wéi z. B. dat Gréngt Heepäerdchen, an d'Grillen (dorënner d'Heemelmaus).
Wëssenschaftlech ginn d'Orthopteren an zwee Gruppen (Ënneruerdnungen) agedeelt: d'Ensifera an d'Caelifera.
D'Wuert Heesprénger ass ofgeleet vun deenen Aarten, déi een an de Summerméint am héije Gras, also zu där Zäit wou fréier Hee gemaach gouf, sprange gesäit. Dës Aarte falen duerch hire laanggestreckte Kierper an dat heefegt Sprangen op.
Aner Vertrieder vun den Orthoptera, wéi z. B. d'Grillen, hunn e gedrängte Kierper an eng verstoppt Liewensweis.
Kennzeeche vun den Heesprénger (Orthoptera)
Insekte mat 2 Puer Flilleken, déi am Rouzoustand dem laange Wee no iwwer dem Abdomen leien.
Déi zwéi viischt Flilleke si méi schmuel wéi déi hënnescht; si sinn un der Basis verhäert a bedecken déi hënnescht Flilleken am Rouzoustand.
Déi zwéin hënnescht Flilleke si membranéis, am Rouzoustand si se gefaalt a gi vun de viischte Flilleke bedeckt.
Déi zwee hënnescht Been sinn zu staarke Sprangbeen ëmgeännert.
Antennen opfälleg laang (Ensifera) oder einfach laang (Caelifera).
Hoffmann, J., 1962. Les Orthoptères du Luxembourg. 2e fasc.: les Caelifères. Archvs Inst. gr.-d. Luxemb. sect. sc. nat., phys. math. 28 (1962): 184-231.
Kinn, J. & M. Meyer, 1988. Beitrag zur Kenntnis der Saltatoria Luxemburgs. Ergebnisse einer zweijährigen Untersuchung. Paiperlék, Jahrg. 10, Nr. 2: 31-73.
Reichling, L. & J. Hoffmann, 1963. Supplément à la faune des Orthoptères du Grand-Duché de Luxembourg. Archvs Inst. gr.-d. Luxemb. sect. sc. nat. phys. math. 29 (1963): 129-157.