Heaven's Gate
|
| |
| Film | |
|---|---|
| Produktiounsland | USA |
| Produktiounsjoer | 1979 |
| Première | 1980 |
| Dauer | 149 min |
| Faarf | Faarweg |
| Format | 2,35:1 |
| Filmformat | 35 mm |
| Originalsprooch | Englesch |
| Ekipp | |
| Regie | Michael Cimino |
| Dréibuch | Michael Cimino |
| Fotografie | Vilmos Zsigmond |
| Musek | David Mansfield |
| Schnëtt | Lisa Fruchtman |
| Produzent | Joann Carelli |
| Produktiouns- gesellschaft | United Artists |
| Schauspiller | |
|
Kris Kristofferson als James Averill Christopher Walken als Nathan D. Champion John Hurt als Billy Irvine Sam Waterston als Frank Canton Isabelle Huppert als Ella Watson Brad Dourif als Mr. Eggleston Joseph Cotten als Rev. Doctor Jeff Bridges als John L. Bridges Paul Koslo als Buergermeeschter Mickey Rourke | |
|
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre | |
Heaven's Gate (Das Tor zum Himmel, La porte du paradis) ass e Film vum Michael Cimino deen 1980 erauskomm ass.
Ëm wat geet et am Film?
Heaven's Gate ass en eepesch ugeluechte Film iwwer de Krich tëscht de räiche Véibesëtzer an den aarmen Awanderer aus Osteuropa am Montana (USA) an den achtzeger Jore vum 19. Joerhonnert.
An den USA beschränkt sech d'Vergaangenheet aus den Ufankszäiten am Kino nëmmen op d'Mythologie vum Western. Et gouf de Gangster, dee vum gudde Sheriff oder Marshall gefaange gouf, d'Arméi huet sech mat de béisen Indianer "beschäftegt". Heiansdo gouf et och emol e gudden Indianer an engem Film, an domat hat déi ganz Saach sech dann.
Mä du koum de Michael Cimino. Hie rullt eng ganz aner Säit vun der Besiidlung vu den USA op, nämlech déi, datt räich Siidler, Kapjeeër gelount hu fir aarm Awanderer aus Osteuropa ëmzeleeën, well déi och e klengt Stéck vum amerikanesche Kuch wollten hunn.
Am Amerika vun der Reagan Äera war dat doten net gär gesinn.
E puer herrlech Zeene siefen ervirgehuewen:
- d'Ofschlossfeierlechkeeten op de Uni
- den Danz op de Rollschung am Zelt
- den Danz vum Averill a vum Ella ganz eleng an dem groussen Zelt
- d'Schluechtzeenen
- d'Vue vun der Stad Casper mat dem Dampzuch
- den éischte Muerd am Film, wou de Siidler grad sou geschluecht gëtt wéi dat Stéck Véi dat e gestuel hat fir net mat senger Famill z'erhéngeren
- d'Zeen wou den Averill e Stéck Taart vum Ella zerwéiert kritt
Déi herrlech Fotografie vum Vilmos Zsigmond muss onbedingt nach ervirgehuewe ginn, nieft der Toun-Bande, ob et elo d'Geräischer sinn oder d'Musek.
De Film ass fir d'éischt nëmmen an der kuerzer Versioun am Kino gelaf. No an no ass dem Film säi Wäert dann erkannt ginn an du koum no Joren eng laang Fassung vum Film an d'Säll.
Wéi ass de Film ukomm?
D'amerikanesch Kritiker hu ganz sauer reagéiert an hunn all méiglech Ursaache gesicht, fir de Film schlecht ze maachen. D'Pauline Kael huet gesot, de Film wir en Affront géint d'USA. Et goung lass, den Toun wir misarebel, d'Bild wier onschaarf, asw.
Et war einfach de "schlechste Film vum Joer" oder iwwerhaapt, an dobäi hat de Film et och nach fäerdeg bruecht fir e Filmstudio ze ruinéieren.
Zitater
- John L. Bridges: It's getting dangerous to be poor in this country.
- Frank Canton: Mr. Champion, my grandfather was the Secretary of War to Harrison. His brother was the governor of the State of New York. My brother-in-law is Secretary of State. And to you, I represent the full authority of the Government of the United States and the President. - Nathan D. Champion: Fuck him too.
Iwwer de Film
- If ever an award was given for the most maligned and misunderstood motion picture of all time, it would have to be Heaven's Gate. (Bruce Lawton, U.S. Filmhistoriker)
- the milieu Heaven's Gate evokes is beautiful beyond words, (Michael Bliss am Buch Martin Scorsese and Michael Cimino)
Klengegkeeten
- Et war virgesinn, datt den John Wayne d'Haaptroll sollt spillen an d'Jane Fonda, d'Roll déi d'Isabelle Huppert spéider krut.
- Zu senger Zäit war de Film dee gréisste Flop vun allen Zäiten. Doduerch gouf United Artists un MGM verkaaft.
- Den éischte Schnëtt huet 5 Stonnen an 20 Minutte gedauert.
- Et gouf wierklech e Krich am Johnson County am Wyoming an d'Figuren hunn James Averill, Nathan Champion and Ella Watson geheescht, mä d'Dréibuch hëlt sech e puer Fräiheeten eraus.
- D'Harvard Uni-Zeene sinn zu Oxford an England gedréit ginn.
- Bild-Ratio: 2,35:1 - |Filmformat=35 mm Kopie, 2,20:1 - 70 mm Kopie
- Schnëtt: Lisa Fruchtman; Gerald B. Greenberg; William Reynolds; Tom Rolf
DVDen
Déi laang Fassung ass op DVD an op Blu-ray Disc ze kréien.
Um Spaweck
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.
