Haute cour militaire (Lëtzebuerg)

Haute cour militaire
Land Lëtzebuerg

Den Héije Militärhaff ((fr) Haute cour militaire) gehéiert zur militärescher Geriichtsbarkeet zu Lëtzebuerg. E gouf mam Arrêté royal grand-ducal vum 9. Juni 1843 an d'Liewe geruff; den éischte President vum Militärhaff war de Joseph-Antoine Pescatore[1].

Op Demande vum Verurteelten oder vum Auditeur militaire tranchéiert d'Haute cour militaire als Appellsgeriicht iwwer Urteeler déi an der éischter Instanz vum Krichsrot gesprach goufen.

Den Héije Militärhaff besteet aus dräi Memberen: de President an ee Member si Membere vum Ieweschte Geriichtshaff an deen anere Member ass en aktiven oder fréieren Offizéier. De Geriichtsschreiwer ass och ee vum Ieweschte Geriichtshaff .

De Ministère public gëtt vum Procureur général d'État vertrueden, deen den Titel Auditeur général dréit.

Um Spaweck

Referenzen an Notten

  1. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 9 juin 1843, N° 1307, portant nomination des présidents et conseillers de la haute Cour militaire. data.legilux.public.lu (09.06.1843). Gekuckt de(n) 21.12.2024.
  • Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Pierre Majerus a Marcel Majerus. « L'État luxembourgeois », 5e édition, S. 273-274, Luxembourg: Service Information et Presse, 1983. Print.