Hans-Ludwig-Neumann-Observatoire

Bléck vum Großer Feldberg op de "Kleiner Feldberg" mat de Kuppele vum Hans-Ludwig-Neumann-Observatoire

Den Hans-Ludwig-Neumann-Observatoire (HLN), oder einfach Neumann-Observatoire genannt, bei Glashütten am südhesseschen Héichtaunuskrees, ass en Observatoire um Kleine Feldberg am Taunus deen 1998 opgemaach gouf. De Bedreiwer ass den Astronomeschen Aarbechtskrees vum Physikalischer Verein mat Sëtz zu Frankfurt am Main.

Geographesch Lag

Den Hans-Ludwig-Neumann-Observatoire steet am Gemengegebitt vu Glashütten um 825,2 m héije Kleiner Feldberg.

Geschicht a Beschreiwung

Den Hans-Ludwig-Neumann-Observatoire goung 1998 a Betrib an ass nom Hans-Ludwig Neumann (1938–1991; fréiere President vum Physikalischer Verein) genannt. De Cassegrain-Teleskop huet e Spigelduerchmiesser vun 0,6 m. Bis Mee 2014 goufe 87 Asteroiden entdeckt, dorënner och den (204852) Frankfurt.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck