Hie war de Jong vun enger Italieenerin an engem polneschen Diplomat (oder éischter der Mamm hirem italieeneschen Amant).
Nodeems en zu Roum an zu Monaco opgewuess ass, an no e puer Reesen doruechter, koum hien op Paräis, wou en Ufanks als nègre (Ghostwriter) geschafft huet.Déi Zäit huet hien ugefaangen, Gedichter ze schreiwen. Ausserdeem huet hie Reesreportage an erotesch bis pornographesch Texter publizéiert.
1913 koum d'Gedichtersammlung Alcools eraus, eng vun de wéinege Gedichtersammlungen, déi wärend sengem Liewen erauskoumen. 1914 gouf en an d'Arméi agezunn, an 1916 schwéier um Kapp verwonnt. Dono huet hien haaptsächlech Artikele fir Zeitunge geschriwwen. Hien ass am November 1918 un der Spuenescher Gripp gestuerwen a gouf um Kierfecht Père-Lachaise begruewen.
No sengem Doud koum Calligrammes eraus; e Gedichtsband, deem säi Schrëftbild gläichzäiteg verschidde Saache representéiert huet.