De Guido Pizarro ass e chileeneschen Astronom an Asteroidenentdecker.
Am Zäitraum vun 1979 bis 1996 hat hien um La-Silla-Observatoire aacht Asteroiden entdeckt,[1] déi meescht dovun zesumme mam Eric Walter Elst.
Hien ass och Matentdecker vum Asteroid (7968) Elst-Pizarro, deen e koméitenaartegt Verhalen weist an dofir och mat der Nummer 133P/Elst-Pizarro gefouert gëtt.
Éierunge
Den Asteroid (4609) Pizarro gouf no him a sengem Brudder Oscar genannt, mat deem hien um La-Silla-Observatoire zesumme schafft.
Quellen
Referenzen
- ↑ Minor Planet Discoverers