Hie war kathoulesche Paschtouer, an huet och als Schoulmeeschter geschafft. Hien huet laang zu Kortrijk gewunnt.
De Gezelle huet sech Zäit senges Liewens fir d'Flämescht agesat. Säi Wierk Kerkhofblommen (Kierfechtsblummen, 1858) gouf den Ausgangspunkt vum Renouveau vun der flämescher Lyrik. A senge Gedichter huet de Gezelle déi traditionell hollännesch Literatursprooch mat sengem eegenen Dialekt, dem Westvlaams, verbonnen. Vill dervun haten Observatioune vun der Natur oder reliéis Gefiller als Theema. Vum Stil hier ware seng Gedichter awer manner konservativ, de Gezelle huet mat neie Vers- a Stropheformen, Neologismen, Widderhuelungen an Onomatopeeën experimentéiert.
Méi spéit huet hien och Essaye geschriwwen an Iwwersetzunge gemaach.
De Guido Gezelle war zu Lëtzebuerg bekannt, well säi Portrait um leschte belsche 5000-Frang-Biljee (aus der virleschter Serie virum Euro) ze gesi war.