|
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
De Gordon T. Smith, gebuer ... a gestuerwen den 8. Abrëll 1975 a Florida[1], war en US-amerikanesche Manager.
Hien huet 1940 bei Goodyear ugefaangen a gouf 1947 eng éischt Kéier a Mexiko Direkter. No enger Tëschestatioun a Groussbritannien (1949-1961)[2] huet hien d'Direktioun an den Ausbau vun der Goodyear zu Colmer-Bierg iwwerholl. Hie war do vun 1961 bis zu senger Pensioun, 1973, Direkter.[3]
De Gordon T. Smith war Éierebierger vu Colmer-Bierg.[3] Fir un hien z'erënneren, huet d'Gemeng Colmer-Bierg 1973 eng Strooss no him genannt, d'Avenue Gordon T. Smith.[2],[4]
- Officier de l’Ordre de la Couronne de Chêne
- Commandeur avec Couronne de l’Ordre de Mérite Civil et Militaire d’Adolphe de Nassau
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 "M. T. Gordon Smith †." In: Luxemburger Wort, 128. Jg., n° 86 (14.04.1975), p. 3. [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- ↑ 2,0 2,1 "Avenue Gordon Smith in Colmar-Berg." In: Luxemburger Wort, 126. Jg., n° 11 (13.01.1973), p. 10.[Digitised by the National Library of Luxembourg].
- ↑ 3,0 3,1 "L'administration communale d'Ettelbruck honore M. T. Gordon Smith, Directeur partant de Goodyear." In: Luxemburger Wort, 126. Jg., n° 16 (19.01.1973), p. 7. [Digitised by the National Library of Luxembourg]
- ↑ L-7750.