Den Giro d'Italia 2018 war séi 101. Editioun vum Giro d'Italia. Den Depart war dëst Joer de 4. Mee zu Jerusalem, mat engem Contre-la-montre. No weideren zwou Etappen an Israel an engem Roudag goung et virun an Italien, wou 18 Etappen um Programm stoungen. De 27. Mee koum den Tiour zu Roum un.
D'Plaz vum Depart war zu Éiere vum Gino Bartali, engem dräifache Gewënner vum Giro, erausgesicht ginn, deen Honnerte vun italieenesche Judde virum Holocaust gehollef hat, gerett ze ginn, an deen dofir 2013 als Gerechten ënner den Natiounen zu Yad Vashem unerkannt gi war.
De Christopher Froome (Sky) war den éischten am Generalklassement, dat trotz enger Chute am Ufank vun der Course.