Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Geschwëster oder Gesëschter sinn – nieft dem „Ech “ – aner Kanner vun den Elteren:
Brudder = Bouf vun den Elteren;
Schwëster = Duechter vun den Elteren;
Adoptivbrudder, Adoptivschwëster = Kand dat vun engem oder zwéin Elterendeeler legal adoptéiert gouf an dat engem biologesche Kand gläichgestallt ass;
Hallefbrudder, Hallefschwëster = Kand vun der Mamm oder dem Papp an engem anere Partner;
Stéi(f)brudder, Stéi(f)schwëster = Kand vum (neie) Conjoint vun engem Elterendeel mat engem anere/fréiere Partner.
D'Wuert Geschwëster begräift d'Schwëstere grad wéi d'Bridder; d'Bezeechnung Gebridder[1][2] ass vereelzt a gëtt héchstens nach fir fest Begrëffer benotzt wéi z. B. d'Gebridder Grimm, d'Gebridder Montgolfier oder d'Gebridder Collart.