Dogéint ass d'geographesch Breet (mat B, β (beta) oder φ (phi) bezeechent) ëm bis zu 0,19 Grad méi grouss wéi d'geozentresch Breet, well si sech op d'Normal zum Äerdellipsoid bezitt. D'geozentresch Breet leeft net onbedingt duerch den Äerdzentrum, mä wéinst der Äerdofplattung ëm bis zu 22 km derlaanscht.
D'maximal Wénkeldifferenz B − ψ vun 0,19° ass um 45. Breedegrad op, wärend déi béid Breeten um Equator an op de Polen iwwereneestëmmen.