De Georges Ulveling, gebuer den 29. Juli 1861, a gestuerwen zu Mamer de 15. Juli 1916, war e lëtzebuergeschen Affekot, Distriktskommissär a Regierungskommissär fir d'Eisebunn.[1]
De Georges Ulveling huet säin Affekotestudium den 20. Mee 1884 ofgeschloss a gouf als avouéierten Affekot de 5. August 1887 zougelooss.
Hie war vun 1896 bis 1902 Distriktskommissär.
Den 1. Oktober 1902 gouf hien 1. Regierungskommissär fir d'Eisebunnen.
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 Biographie vum Georges Ulveling op eluxemburgensai.bnl.lu
- ↑ Memorial N°50 vun 1950 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen