D'Maark gouf am Juni 2011 offiziell virgestallt, zesumme mam Naturreservat Pëttenerbësch an engem Léierpad.[1]
Wéi den Zentrum berechent a festgeluecht gouf
De geographeschen Zentrum gouf 2009 vun de Spezialiste vun der Kadasterverwaltung berechent. Basis dofir waren d'Grenze vum Land, sou wéi se 1815 um Wiener Kongress mat Preisen (haut Däitschland), 1839 duerch de Vertrag vu London (spezifiéiert am Joer 1843) mat der Belsch an am 20. Joerhonnert duerch den Austausch vu klenge Parzelle mat Frankräich festgeluecht goufen.[2]
Fir déi topographesch Rechnunge gouf de World Geodetic System 1984 (WGS 84) gebraucht.
Um Terrain gouf déi genee Plaz vum Zentrum vum Land mat enger Genauegkeet vun engem Zentimeter festgeluecht, dat mat der Hëllef vun den US-amerikanescheGPS- a russescheGLONASS-Satelliten.[2]
Literatur
Schmit, R., 2011. Im Naturreservat "Pëttemerbësch" (SIC). Pettingen im Mittelpunkt. Geografisches Zentrum des Landes liegt in Pettingen bei Mersch / Neuer Naturlehrpfad vorgestellt.Luxemburger Wort vum 28. Juni 2011, S. 17. [1]