Hie war vun ëm 1529 un, Professer op der Universitéit vu Léiwen.
A sengem Wierk « De Locorum describendorum ratione » (Antwerpen, 1533) fënnt een den eelsten Exposé iwwer d'Prinzipe vun der Triangulatioun, an eng Method fir d'Längegraden ze bestëmmen. Doduerch si seng wëssenschaftlech Kontributioune ganz wichteg am Beräich vun der praktescher Kartographie.