D'Gare vu Fumay ass eng Gare vun der SNCF zu Fumay, op der Eisebunnsstreck Soissons-Givet, um PK 182.931 tëscht der Gare vu Revin an der Gare vun Haybes.
An der Gare leien zwee Duerchganksgleiser laanscht zwéi Quaien. Iwwer d'Gleiser féiert eng Foussgängerbréck. Vun de fréiere Rangéiergleiser ass net méi vill ze gesinn. Op enger Parti dovun huet e Supermarché sech installéiert.
Eng ronn 400 Meter nërdlech vun der Gare ass den Tunnel vu Fumay.
D'Gare am Film
D'Gare vu Fumay ass an zwéi Filmer ze gesinn an zwar a Les Patates vum Claude Autant-Lara aus dem Joer 1969, an Le Train vum Pierre Granier-Deferre vun 1973
Biller
-
Gare vu Fumay 2012
-
Vue an d'Gare
-
D'Gare ëm 1900