Op de Koppen déi duerch de ganze Keeldall zéien ass op der zweetleschter Plaz, virum Gehaansbierg de Gaalgebierg. De Gaalgebierg läit uewen op der Scherr tëscht Diddeleng a Keel. Wéi den Numm et seet, stoung fréier e Gaalgen op deem Bierg.