François Mergen

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
François Mergen
Gebuer 1925
Gestuerwen 26. Juni 1989
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Forstwëssenschaftler

De François Mergen, gebuer 1925 zu Réiden op der Atert als Bouf vum déizäitegen Apdikter, a gestuerwen de 26. Juni 1989 zu Crystal Rivers, Florida[1], war e lëtzebuergesche Bësch-Spezialist an Expert. Hie war Dekan vun der School of Forestry op der Yale-Universitéit an den USA.

Am Zweete Weltkrich war de François Mergen Resistenzler. Hie gouf a Prisongen a Lagere gestach, konnt awer fortlafen a sech an England duerchschloen, wou e Liaisounsoffizéier am Generol Eisenhower sengem Quartier général gouf.[2] Nom Krich huet hie fir d'War Crimes Commission geschafft.[3]

Hien huet spéider op der University of New Brunswick a Kanada studéiert an op der Yale Universitéit e Master's degree an en Doktorat gemaach. 1954 krut hien eng Plaz op der Yale-Universitéit, a war do vun 1965 bis 1975 Dekan vun der Forestry school. Déi huet sech ënner senger Leedung op Ëmweltstudië spezialiséiert.[2]

Hie krut eng sëllegen Auszeechnungen, dorënner de Barrington Moore Memorial Award vun der Society of American Foresters fir remarkabel Performanzen an der biologescher Fuerschung.[2]

Hien huet vill publizéiert, an och an den 1980er Joren en Avis iwwer d'Auswierkunge vum sougenannte Sauere Reen op déi lëtzebuergesch Bëscher, ofginn.

De François Mergen ass un enger Liewerschwächt gestuerwen, déi op eng Ustiechung vun Hepatitis, an engem Nazi-Konzentratiounslager, zeréckgoung.[2]

Publikatiounen (Auswiel)

  • Mergen, François: Tropical forestry - a challenge to the profession of forestry, 1983, Yale university, school of forestry
  • Mergen, Francois: Forestry Research: A Provisional Global Inventory, Mee 1986. (42 S.)

Referenzen

  1. "Obituaries: Francois Mergen, 64, Ex-Teacher." New York Times, 28 June, 1989.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 "Obituaries..." wéi uewen.
  3. "Fracois Mergen, forest geneticist." St. Petersburg Times, 28. Juni 1989, S. 7B.

Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.