De François Delaporte, gebuer den 29. Juni 1866 zu Oberhausen, a gestuerwen de 16. Oktober 1914 zu Weiler (Wëntger)[1], war e lëtzebuergesche Bauer a Politiker.[2]
1907 krut de François Delaporte déi lëtzebuergesch Nationalitéit.[3]
Bei de Wale fir d'Chamber vum 13. Juni 1911 gouf de François Delaporte mat 568 Stëmmen als Drëtte vu 4 Kandidaten als Vertrieder vum Kanton Klierf an d'Chamber gewielt.[4]
Bei de Wale fir d'Chamber vum 13. Juni 1914 war de François Delaporte ee vu 4 Kandidate fir déi 3 Sëtz déi am Kanton Klierf ze besetze waren.[5] De François Delaporte gouf mat 568 Stëmmen als drëtten als Deputéierten an d'Chamber gewielt.[6]
Säi Jong den Auguste Delaporte war och Deputéierten an der Chamber.
Referenzen
- ↑ De François Delaporte op www.deltgen.com
- ↑ Ried vum Chamberpresident beim Begriefnes vum François Delaporte source Luxemburger Wort vum 20. Oktober 1914
- ↑ Représentants du canton de Clervaux à la Chambre des Députés (1841 à 1918) vum Robert Philippart Säit 7 op der Websäit www.robertphilippart.eu
- ↑ D'Resultater vun de Kammerwahle vum 13. Juni 1911 an der Luxemburger Bürger=Zeitung vum 13. Juni 1911
- ↑ Verzeichnis der Kandidaten für die Kammerwahlen v. Dienstag, 13. Juni.an der 'Luxemburger Bürger=Zeitung vum 10. Juni 1914 Archivéiert de(n) 09.10.2020. Gekuckt de(n) 01.11.2014.
- ↑ Resultat vun de 'Kammerwahlen' vum 13. Juni 1914 an der Luxemburger Bürger=Zeitung vum 13. juni 1914 Archivéiert de(n) 09.10.2020. Gekuckt de(n) 01.11.2014.