Dëse Molereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Francisco de Goya(Francisco José de Goya y Lucientes), gebuer den 30. Mäerz1746 zu Fuendetodos am Aragón, a gestuerwen de 16. Abrëll1828 zu Bordeaux, war e spuenesche Moler a Graphiker.
Säi Liewen
1746 gouf de Goya als Jong vum José Goya a vun der Engracia Lucientes zu Fuendetodos bei Saragossa gebuer.
De Goya huet fir d'éischt beim José Luzan zu Saragossa geléiert, duerno ass hien an Italie gaangen an huet do wärend senger Léierzäit d'Technik vun der Freskemolerei studéiert. 1771 ass hien erëm komm an huet sech zu Madrid installéiert.
Vun 1776 un huet de Goya fir den Anton Raphael Mengs Teppecher entworf an déi deemoleg Palaisen El Prado an El Escorial dekoréiert.
Gläichzäiteg war de Goya Portraitist vum spueneschen Haff an huet do beim Adel Carrière gemaach. Hie gouf Member, duerno Direkter vun der kinneklecher Akademie a 1786 Moler vum Kinnek.
1792 huet hien duerch eng schwéier Krankheet säi Gehéier verluer.
Spuenien stoung vun 1808 bis 1814 ënner napoleonescher Herrschaft. Aus Angscht viru politescher Verfollgung vun der restauréierter spuenescher Monarchie, geet de liberale Goya 1824 an den Exil a Frankräich.