Fluchtpunkt

[1] Stroossebild mat Fluchtpunkt
Bléck no Norde vun der Elevated Station Adams and Wabash zu Chicago
Zeechnung vum De Hondt mat ville Perspektivpunkten.

Op engem perspektivesche Bild oder Zeechnung schneide sech all d'Linnen, déi am Original parallel sinn, an engem kollektive Fluchtpunkt.

Bei der perspektivescher Ofbildung gi raimlech Objeten op eng Fläch, d'Bildfläch, projezéiert. Dat ass zum Beispill bei der fotografesche Biller de Fall.

Och déi vertikal Hauskante si parallel Linnen. Allerdéngs läit hire Fluchtpunkt wäit aus dem Bild eraus.

All parallel Fläche schneide sech an enger vereenter Fluchtlinn. Fir déi horizontal Fläche vum Bild [1], wéi zum Beispill d'Stroossefläch an d'Trennlinne vun de Stäck op den Haiser, ass dat den Horizont. D'Fluchtpunkte vun alle Parallele op sou enger Fläch leien op där Fluchtlinn.

Virun allem bei Gebaier gëtt et vertikal Linnen an dräi Richtungen: Héicht, Breet, Déift. D'Bléckrichtung (Fotorichtung vun der Kamera, Perspektiv) fir eng Foto kann dobäi sou sinn, datt een, zwéin oder dräi Fluchtpunkten entstinn. Dat gëtt als Fluchtpunktperspektiv bezeechent.

D'Perspektiv vun engem Bild féiert de Bléck vum Observateur op de Fluchtpunkt. D'Wal vun der Lag an der Zuel vu Fluchtpunkte vun engem Bild sinn dofir eng fondamental Aufgab vum Bildopbau. Fluchtpunkte schafen Dynamik a Raumdéift. Si setzen Akzenter a bréngen Objeten an de Bléckpunkt vum Observateur.

Geometresch Konstruktioun

Wann d'Bildfläch parallel zu enger Objetfläch ass, wéi bei Gebaifronten, dann huet déi Fläch (geneesou wéi all dozou parallel Flächen) hir Fluchtpunkten am Onendlechen. Besonnesch ginn all parallel Linnen, déi op enger paralleler Fläch zu der Bildfläch leien, weiderhi parallel ofgebilt.

Um Spaweck

Zeechnung mat zwéi Fluchtpunkten
Zentrale Fluchpunkt