De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
Paräisser Entrepreneren a Gesellschafte wéi d'Bridder Lumière, d'Pathé Frères oder Gaumont waren et, déi de Film eraus an d'Welt gedroen hunn. Sou hunn d'Bridder Lumière am Joer 1885 de Cinématographe erfonnt, eng Maschinn, déi souwuel Filmer ophuele wéi och ofspille konnt. Dësen Apparat gouf den 22. Mäerz1885 fir d'éischt Kéier virgefouert. D'Opféierung an der Paräisser Société d'Encouragement à l'Industrie Nationale zielt zu den éischte Filmvirféierunge vun der Welt. Als Folleg dovu sinn d'Bridder Lumière an déi grouss europäesch Stied gereest, fir hir Erfindung ze verbreeden - mat Erfolleg. An de Joren duerno koum et zu Paräis zu staarker Konkurrenz. D'Pathé Frères sinn zu engem vun de gréisste Filmproduzente vun Europa ginn, an hunn hir Stommfilmer weltwäit verkaaft.
Awer och Paräis selwer war a ville Filmer Dréiuert a Filmkuliss. Ofgesi vu villen Opname vun der Stommfilmzäit, déi éischter ënner Dokumentairen anzezortéieere sinn, war d'Stad souwuel a franséische wéi och an auslännesche Spillfilmproduktiounen ze gesinn. De Film Hôtel du Nord (1938) vum Marcel Carné spillt am „Hôtel au Canal“. Obschonn de gréissten Deel net am Hôtel selwer gedréint gouf, weist de Film d'Liewensgefill zu Paräis an den 1930er Joren. Am Film Funny Face (1956) vum Stanley Donen séngt d'Audrey Hepburn zesumme mam Fred Astaire zu Paräis „Bonjour Paree“ virum Eiffeltuerm, op der Avenue des Champs-Élysées an op anere Plaze vun der Stad.