Fesenjān

Khoresh-e Fesenjān (op Persesch: خورش فسنجان), oder einfach Fesenjān (Persesch: فسنجان), ass e Plat aus der iranescher Kichen.

Et ass e Ragoût aus Granatapelsirup a gemuelenen Nëss, deen an engem Bouillon mat Ënnen, Tomatemuerch an enger Gewierzmëschung (Advieh), zesumme mat Intefleesch (et gëtt och Variante mat Poulet, Fleeschbulletten oder Fësch) laang op klengem Feier brutsche gelooss gëtt, bis en eng déckflësseg, sämeg Konsistenz huet.

Jee no Rezept kann en éischter e méi séissen oder méi saierzeg-herbe Goût hunn.

Fesenjān gëtt mat iraneschem Safran-Räis zerwéiert (polo oder chelo).

Um Spaweck/Rezepter

Literatur

  • Najmieh Batmanglij: A Taste of Persia. An Introduction to Persian Cooking. Mage Publishers, Washington DC 1999, ISBN 0-934211-54-X.
  • Najmieh Batmanglij: New Food of Life. A Book of Ancient Persian and Modern Iranian Cooking and Ceremonies. Mage Publishers, Washington DC 1992, ISBN 0-934211-34-5.