Nodeem de Ferdinand Sauerbruch zu Marburg, zu Zürich an zu München geschafft hat koum hien op Berlin a gouf do duerch déi Neierungen, déi hien um Gebitt vun den Operatiounstechniken, agefouert huet zu engem vun de bekanntsten Dokteren an Däitschland.
Seng Autobiographie Das war mein Leben déi hien 1951 geschriwwen huet gouf 1954 verfilmt.