Als Federatiounssujeten (субъект Федерации / (latn) "subjekt Federazii") ginn déi 85 territorial Verwaltungseenheete vu Russland bezeechent, déi eng gewësse politesch an administrativ Autonomie hunn an déi am Federatiounsrot vertruede sinn.
Dëse Begrëff gouf et net zu der Zäit vun der Sowjetunioun. E gouf eréischt agefouert, wéi bis verschidde Kategorië vun territorialen Eenheete mat ënnerschiddlechem Autonomiegrad entstane sinn.
Kategorien
Den Artikel 65 vun der Russescher Verfassung definéiert genee sechs Kategorië vu Federatiounssujeten, wouduerch déi politesch Glidderung vu Russland genee bestëmmt gëtt. Zu de Federatiounssujete gehéieren deemno:
22 Republiken. Si hunn eng eege Verfassung a Legislatioun an domat an der Russescher Federatioun deen héchste Grad u bannenzeger Autonomie. Republike si fir déi gréisser net-russesch Vëlker geschaf ginn. Ausser Tatarstan an Tschetschenien hunn all d'Republiken de Federatiounskontrakt vum 31. Mäerz 1992 mat Russland ënnerschriwwen. D'vëlkerrechtlech Zougehéieregkeet vun der Republik Krim zu der russescher Federatioun ass ëmstridden.
D'Sujeten hu souwuel en numeresche Code wéi och en 2-3 Buschtawen-ISO 3166-2:RU Code. Déi numeresch Codë gi vun 01 bis 92, obwuel néng dovun (41, 59, 75, 80, 81, 82, 84, 85 an 88) no Fusiounen net méi am Gebrauch sinn.
↑Dem Artikel 13 vum Statut vum Oblast Leningrad no sinn d'Regierungsorganer vun der Oblast an der Stad Sankt Péitersbuerg, mä d'Stad ass trotzdeem net offiziell als administrativen Zentrum vun der Oblast genannt.
↑Dem Artikel 24 vum Statut vum Oblast Moskau no sinn d'Regierungsorganer vun der Oblast an der Stad Moskau an iwwer den Territoire vum Oblast verstreet, mä d'Stad Moskau ass trotzdeem net offiziell als administrativen Zentrum vun der Oblast genannt.
↑ 4,04,1Den 18. Mäerz 2014 hunn d'Autoritéite vun der Krim a Russland e Kontrakt geschloss fir d'Republik Krim a Sewastopol als Federatiounssujeten anzeglidderen. Eng Transitiounsphas ass bis den 1. Januar 2015 virgesinn. Grouss Deeler vun der internationaler Gemeinschaft consideréieren d'Krim awer nach weider als Deel vun der Ukrain.