Fantômas ass e franséische Film vum Jean Sacha aus dem Joer 1947 no engem Roman vum Marcel Allain.
Ëm wat geet et am Film?
Nodeems de Fantômas länger Zäit verschwonne war, daucht hien erëm op fir d'Bestietnes vu senger Duechter Hélène mam Journalist Fandor ze verhënneren. Hie stellt och en Ultimatum a fuerdert Gold am Wäert eng Milliard Frange soss géifen eng Millioun Paräisser stierwen. De Fandor an den Inspekter Juve versichen de Fantômas ze fannen…