Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Accademia Nazionale dei Lincei, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, American Philosophical Society, Accademia delle Scienze di Torino
Den Ernst Heinrich Haeckel, gebuer de 16. Februar1834 zu Potsdam, a gestuerwen den 9. August1919 zu Jena, war en däitschen Naturwëssenschaftler a Philosoph.
Den Haeckel huet Medezin op den Universitéiten zu Berlin, Würzburg a Wien studéiert. 1857 huet hie promovéiert an e Joer méi spéit säi Staatsexame gemaach. Hie gouf 1861 Professer fir Anatomie zu Jena a krut do 1865 e Léierstull an der Zoologie bis 1909.
Nodeem hien 1860 e Wierk vum Charles Darwin iwwer d'Entstoe vun den Aarte gelies hat, gouf hien e begeeschterten Unhänger vun der Evolutiounstheorie. 1866 huet hien den Darwin perséinlech kennegeléiert an huet seng Aarbecht der Evolutiounstheorie ugepasst.
Den Ernst Haeckel huet de Begrëff Ekologie an d'Welt gesat.