Den Ernest ("Erny") Rassel, gebuer den 2. Mee 1932, a gestuerwen den 13. Dezember 2023, war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker.[1]
Hie gouf 1974 fir d'éischt an de Gemengerot vun der Gemeng Ierpeldeng op der Sauer gewielt a war bis 2005 Member vun deem Gemengerot.
Vun 1976 bis 1981 war hie Schäffen an der Gemeng Ierpeldeng a vun 1982 bis 2005 war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Ierpeldeng op der Sauer.
Referenzen
- ↑ Doudesannonce vum Erny Rassel am Luxemburger Wort vum 15. Dezember 2023 op der Säit 38