Erich Wasmann

Erich Wasmann
Gebuer 29. Mee 1859
Gestuerwen 27. Februar 1931
Valkenburg aan de Geul
Nationalitéit Keesertum Éisträich, Éisträich-Ungarn, Holland
Aktivitéit Entomolog

Den Erich Wasmann, gebuer den 29. Mee 1859 zu Meran (Südtiroul), a gestuerwen de 27. Februar 1931 zu Valkenburg an Holland, war e Jesuitt an Entomolog.

De Wasmann, deen 1888 d'Priisterwei krut, huet duerno vun 1889 bis 1892 Zoologie zu Prag studéiert. Als Naturforscher huet hie sech mat Déierepsychologie a sozialen Insekte beschäftegt. Bannent der Entomologie huet hien d'Myrmekophilie als neit Spezialgebitt agefouert. Seng intensiv Beschäftegung mat Seechomessen an Termiten huet him de Spëtznumm „Ameisenpater“ abruecht.

Vun 1899 bis 1911 huet de Wasmann am Schrëftstellerheem vun den däitsche Jesuitten um Lampertsbierg (Bellevue) gelieft. De Wasmann huet reegelméisseg un de Sitzunge vun der wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal deelgeholl; an hiren „Archives“ huet hie seng Ofhandlung Zur Kenntnis der Ameisen und Ameisen-Gäste von Luxemburg (1906, 1909) publizéiert. Och an de Versammlunge vun der Fauna war de Wasmann gär gesinn; do huet hien iwwer Seechomessen[1] an Evolutioun geschwat.[2]

In den Anpassungserscheinungen der Ameisen- und Termitengäste, schreift de Robert Stumper (1931), sieht er den klaren Beweis für die Richtigkeit der Entwicklungslehre, ohne die jene Anpassungen direkt sinnlos wären. Nur räumt Wasmann dem eigentlichen Darwinismus, d. h. der Naturalselektion eine untergeordnete Rolle bei der Umwandlung der Arten ein. Nach ihm besitzt die Selektion nur einen negativen, ausmerzenden Wert; sie kann nichts Neues schaffen, sie siebt bloß aus.[3]

De Mënsch huet de Wasmann, deen e vehemente Géigner vum Ernst Haeckel sengem Monismus war, aus der Evolutioun ausgeklamert: Wasmann nimmt eine Schöpfung mit Entwicklung an, indem Gott, der persönliche Gott des Katholizismus, eine entwicklungsfähige Welt schuf. Jedoch reicht diese Entwicklung bloß bis zum Menschen. Eine Abzweigung des Menschen von den höheren Tierformen befindet sich im Gegensatz zum Dogma (Stumper 1931).[3]

Publikatiounen (Auswiel)

Allgemeng Biologie

  • Die moderne Biologie und die Entwicklungstheorie. Freiburg i.B.: Herder, 1906. - XXXIX, 529 S., VII [f.] [2]
  • Haeckels Monismus: eine Kulturgefahr. Freiburg i.B.: Herder, 1919. - 111 S. [3]
  • Der christliche Monismus: zeitgemäße Betrachtungen über christliche Glaubenwahrheiten. Freiburg i.B.: Herder, 1920. - 105 p. (Bücher für Seelenkultur) [4]

Fauna vu Lëtzebuerg

  • Zur Kenntnis der Ameisen und Ameisen-Gäste von Luxemburg (I. u. II. Teil). Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques N.S. 1 (1-2) (1906), S. 104-124.
  • Zur Kenntnis der Ameisen und Ameisen-Gäste von Luxemburg (III. Teil). Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques N.S. 4 (3-4) (1909), S. 1-114.
  • Luxemburger Ameisenkolonien mit Mendel'scher Mischung. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 25(1915, Festschrift), S. 87-101.

Literatur

  • Bost, B., 2009. Erich Wasmann S.J. (1859-1931), Vertreter eines “katholischen Darwinismus”. In: Die Warte, 33/2275, 26. November 2009: 11-12.
  • DBE, 2001. Deutsche Biographische Enzyklopädie (DBE). Bd. 10. München, Deutscher Taschenbuch Verlag u. K.G. Saur, XXIV, 711 S. (Erich Wasmann, S. 341).
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 2009. Luxemburg und der Darwinismus, ein historischer Rückblick. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 110, S. 7-41.[5]
  • Stumper, R., 1931. Erich Wasmann S.J. † (1859-1931), Johannes Reinke † (1849-1931). Cahiers luxembourgeois 8 (6), S. 607-618.
  • Stumper, R., 1934. Bibliographie: Die Ameisen, die Termiten und ihre Gäste. Vergleichende Bilder aus dem Seelenleben von Mensch und Tier, von P. Erich Wasmann S.J., mit einem Nachruf von H. Schmitz S.J. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 44, S. 63-64 [Titel unvollständig]; S. 76-77 [derselbe Text, Titel verbessert].
  • Stumper, R., 1954. Deux grandes figures de la science des insectes sociaux: E. Wasmann et A. Forel. Insectes Sociaux 1 (4), S. 345-369.
  • Stumper, R., 1959. Erich Wasmann S.J. 1859-1931. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques N.S. 26, S. 39-57.
  • Syré, O., 2005. 27. Februar 1931 - Wasmann Erich † in Valkenburg. In: Kalendarium der Gesellschaft Jesu. [6]

Referenzen

  1. J.A.Massard & Geimer, G.: Table générale des publications de la Société de Botanique du Grand-Duché de Luxembourg (1874-1905) et de la Société des Naturalistes Luxembourgeois (1891-1989), avec index analytique des matières. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91 (1990), S. 306. [1]
  2. Massard & Geimer 2009, S. 24.
  3. 3,0 3,1 Kuckt och: Massard & Geimer 2009, S. 25.