Entente Izeg/Union Réimech-Bous
|
|
Offiziellen Numm:
|
Entente Izeg/Union Réimech-Bous
|
Grënnung:
|
2010
|
Opgeléist:
|
2011
|
Stadion:
|
Stade Albert-Kongs an Terrain Jos Durbach
|
Plazen:
|
1200 / 2740
|
President:
|
Ivica Repušić / Nic Johanns
|
Trainer:
|
Mars Noesen + Thierry Reinert
|
Liga:
|
1. Liga
|
Saison:
|
2010/11
|
Positioun:
|
8.
|
|
Bedéngt duerch d'Fusioun vun den 2 Veräiner AS Réimech an US Bous, huet d'Entente zwëschent de Veräiner FC Blo-Wäiss Izeg a Bous an der Saison 2010/11 ënner dem Numm Entente Izeg/Union Réimech-Bous gespillt.
D'Heemmatcher goufen um Stade Albert-Kongs zu Izeg respektiv um Terrain Jos Durbach zu Bous ausgedroen.
D'Entente Izeg/Union Réimech-Bous huet an der Saison 2010/11 an der 1. Liga vum Lëtzebuerger Dammefoussballschampionat gespillt; Trainere waren de Mars Noesen an den Thierry Reinert.
Um Enn vun där Saison hu béid Comitéen decidéiert, et bei enger eejäreger Aventure ze beloossen a béid Veräiner sinn nees getrennt Weeër gaangen, sou datt d'Dammenekipp vum FC Blo-Wäiss Izeg vun 2011/12 nees op eegene Féiss stoung.
Statistik:
- Saison 2010/2011: 1. Liga: 8. Plaz/10, 21 Punkten