D'Elisabeth vun Thüringen war d'Duechter vum ungaresche Kinnek Andreas II. Mat 14 Joer ass si mam Landgrof Ludwig IV. vun Thüringen bestuet ginn. Et war bekannt, datt d'Elisabeth vun Thüringen sech vill ëm aarm Leit gekëmmert huet, wat op hir fréi fromm Erzéiung zeréckzeféieren ass.
Legend
Der Legend no wollt si mol nees Brout un déi Aarm verdeelen, wat hire Mann awer nu guer net appreciéiert huet. Wéi dee si gefrot huet, wat si dann an dem Kuerf géif mat sech erëmschleefen, huet si gelunn a behaapt, et wiere Rousen. Dat sougenannt „Rousewonner“ beseet, datt sech doropshin d'Brout a Rouseblieder verwandelt huet, wouriwwer déi Aarm wuel kaum begeeschtert waren.
Nom Doud vum Ludwig IV. vun Thüringen ass si op Marburg geplënnert, wou si e Spidol gegrënnt huet, an deem haaptsächlech Kranker behandelt goufen, déi soss néirens opgeholl gi wieren.
De 17. November 1231 ass d'Elisabeth vun Thüringen gestuerwen a schonn de 27. Mee 1235 gouf si vum PoopstGregor IX.helleggesprach.