D'elektresch Zentral vu Charency ass eng kleng Produktiounsunitéit op der Kuer déi 1958 opgeriicht gouf.
D'Zentral steet op der Plaz wou virdrun eng Seeërei stoung, déi selwer Nofollgerin vun enger Weess- an Uelegmille war.
Am Maschinnesall steet eng Jacquemin-Turbinn vu WECO déi zu Thann gebaut gouf an den Alternateur ass e rezente NORMACEM.
D'Gebai ass deelweis am Bëtong an aus Hasteng gebaut.
D'Zentral déi a Privatbesëtz ass beschäftegt een Aarbechter an de Stroum gëtt un d'EDF verkaaft.