E Futtballspill am Schnéi ass e lëtzebuergeschen Dokumentarfilm vum Tom Alesch a vun der Anne Schiltz aus dem Joer 2014. En huet den Ënnertitel Erënnerungen un de Roger Manderscheid.
Ëm wat geet et am Film?
De Film dokumentéiert d'Liewen a virun allem d'literarescht Wierk vum Lëtzebuerger Schrëftsteller Roger Manderscheid (1933-2010), andeems ë. a. Persounen zu Wuert kommen, déi mat him ze dinn haten, oder vun him beaflosst goufen, dorënner de Guy Rewenig, de Pol Greisch, d'Germaine Goetzinger, an d'Claudine Muno.
Accueil
Et ass den éischten Documentaire, dee sech mat dem Wierk vun engem Lëtzebuerger Schrëftsteller auserneesetzt.[1] En hat de 17. November 2014 Avant-première am Utopia an ass de 26. November an d'Kinoe komm.[2]
De Film war bei der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Beschten Documentaire" nominéiert.[3]
D'Anina Valle Thiele vu Woxx huet de Film eng "poetesch Hommage un den Auteur a säi Wierk" genannt.[4]
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Literatur auf der Leinwand: Vom Wort zum Filmbild vum Jean-Louis Scheffen an Ons Stad 117/2018, Säit 28
- ↑ "e futtballspill am schnéi - erënnerungen un de roger manderscheid" op cna.public.lu (gekuckt: 10.11.2014)
- ↑ cineuropa.org: Luxembourg’s D’Filmakademie unveils nominations for its biennial awards (16. Dezember 2015)
- ↑ woxx.lu: ANNE SCHILTZ & TOM ALESCH: Ein Berufsträumerling vum Anina Valle Thiele (21. November 2014)