|
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
E.Leclerc ass eng franséisch Supermarchéschaîne, déi hire Sëtz zënter 2001 zu Ivry-sur-Seine (Val-de-Marne) huet. D'Firma ass als Genossenschaft organiséiert an ass – nieft Frankräich – och an Andorra, Polen, Portugal, Slowenien, Spuenien an zu Lëtzebuerg aktiv.
Den Numm vun der Firma ass vun hirem Grënner, dem Édouard Leclerc (1926–2012), ofgeleet.
Am Joer 2022 huet E.Leclerc ronn 250.000 Leit beschäftegt, dovun der ronn 140.000 a Frankräich. 2023 louch E.Leclerc op der éischter Plaz vun de Marken a Frankräich mat engem Maartundeel vun 22,7 % (Ufank 2023) an engem Ëmsaz (ouni Dreifstoff) vun 43,9 Milliarden Euro am Joer 2022. Den Haaptkonkurrent vun E.Leclerc ass Carrefour, mat engem Maartundeel vun 20,4 %.
Am November 2023 huet E.Leclerc zu Lëtzebuerg d'Geschäfter vun de Marke Cora, Match a Smatch vum belsche Louis Delhaize Grupp iwwerholl, dorënner déi zwou Cora-Filialen zu Féiz an an der City Concorde mat ronn 470 Mataarbechter, grad wéi déi 720 Mataarbechter aus den zwielef Match-, dräizéng Smatch-Filialen an dem Courthéoux-Sëtz zu Stroossen[1].
Um Spaweck
Referenzen an Notten
- ↑ (de)Cora, Match und Smatch gehören jetzt zu E.Leclerc. Luxemburger Wort (17.11.2023). Gekuckt de(n) 19.11.2024.