Dat däitscht Literaturarchiv am Friedrich Schiller senger Gebuertstad Marbach am Neckar am Bundesland Baden-Württemberg gouf den 12. Juli 1955 gegrënnt. Et gëtt geréiert vun der Deutsche Schillergesellschaft e. V. mat iwwer 3700 Memberen an der ganzer Welt.
Zanter Abrëll 2005 heescht dat däitscht Literaturarchiv offiziell Deutsches Literaturarchiv Marbach.